Musek NewsDJ Khaled ass genervt iwwert d'Plazéierung vu sengem Album

Well säin aktuellen Album net dee gewënschten Succès an den Charts huet, ass den DJ Khaled zimlech genervt. Domat mécht hien sech awer nëmme lächerlech.

Leschten Update: 12.06.2019, 14:18:09

© AFP/VALERIE MACON

Eigentlech hat den DJ Khaled gehofft, dass säin Album et direkt op Plaz 1 vun den amerikanesche Billboard Charts packt. Allerdéngs ass d’Wierk just op Plaz 2 erageklommen an zwar direkt hanner „IGOR“ vum Tyler, the Creator. Doropshin huet de Museker een Instagram-Video erop gelueden, wou hien extrem genervt war.  Kuerz drop gouf de Video zwar nees geläscht, mee d‘Fans ware méi séier, a maachen elo mat witzege Posts de Geck mat him.




Och den Tyler, the Creator kann iwwert de Virfall just laachen a mécht sech am Internet iwwert den DJ Khaled lëschteg.




Iwwregens ass dem DJ Khaled säin Album zu engem méi spéideren Zäitpunkt awer nach op Plaz 1 gelant.