Musek NewsLOA Festival de 14. September um Kierchbierg

Matzen um Kierchbierg dréint sech de 14. September um LOA Festival alles ronderëm elektronesch Musek. Dofir suergen am ganzen 12 DJen.

Leschten Update: 14.06.2019, 12:57:28

© Eldo

Et ass di 1. Editioun vum LOA Festival samschdes de 14. September um Kierchbierg. Et ass een Open Air Festival op der Place de l’Europe mat gratis Entrée, op deem sech alles ëm elektronesch Musek dréint.

Tëscht 11.00 Auer an 23.00 Auer trieden 12 DJen op, dorënner international Artiste wéi Marnik aus Italien oder och nach Mike Williams a Brooks aus Holland. Ma och lokal DJe stinn op der Bühn.

Nieft der Musek fënnt een e Food Village, eng Rei Baren, an eng Chill Out Area. Deen Dag ass den Tram an de Bus an der Stad gratis. Finanzéiert gëtt de Festival iwwer Sponsoren.

Lauschtert hei de Reportage