Musek NewsDen Jack White hat nach ni en Handy

The Sänger Jack White, ënner anerem bekannt duerch d’Band The White Stripes, ass net frou mat Smartphones.

Leschten Update: 20.06.2019, 13:11:58

© Chris Delmas/afp

Dass den Jack White kee Frënn vu Smartphonen op Concerten ass, dat ass bekannt. Op senge Concerten verbitt hien et dem Publikum, Foto’en oder Video’e mat hiren Handy’en ze maachen. An engem Interview mam briteschen Channel 4 erkläert de Museker, dass dat fir säi Privatliewe gëllt. Net just benotzt den Jack White perséinlech kee Smartphone, hien hat souguer nach ni a sengem Liewen en Handy.

Fir hien gesinn all déi aner Leit, déi mam Handy am Grapp op der Strooss ënnerwee sinn, einfach just blöd aus. Säi Versuch, Smartphonen op Concerten ze verbidden, gesäit hien iwwregens als Succès. Hien wier ëmmer nees iwwerrascht wéi gutt des Iddi bei de Leit ukënnt.