Concertscheck Dean LewisTextséchert Publikum beandrockt den Newcomer!

En Donneschdeg huet den australesche Sänger Dean Lewis mat enger sympathescher Show am Atelier iwwerzeegt.

Leschten Update: 21.06.2019, 05:50:43

© eldoradio

Lass goung et um 8 mam Lëtzebuerger "Support-Act" Chaild mat sengen 2 Museker. Mat senger eenzegaarteger Stëmm a sengem impressionnante Songwriting huet hien net just d‘Publikum op den Dean Lewis agestëmmt mee och bewisen ob wéi engem héichwäertege Niveau hei zu Lëtzebuerg Musek gemaach gëtt.

Pünktlech um 9 koum dunn den Dean Lewis op Bühn. Hie gouf vum relativ jonke Publikum mat Schëlter begréisst an huet sech gefrot ob dat typesch Lëtzebuergesch wier, well esou vill Leit Schëlter an d'Luucht gehalen hunn.
Mat sengen 3 Museker, engem proppere Sound, a senger Gittar huet hien sech duerch Setlist gesongen. Mol goufen et méi peppeg Téin, mol méi doucer. Hien huet net just gesongen a sech dobäi mat senger Gittar begleet, mee bei "Half a Man" huet hien sech un de Piano gesat a gouf dobäi vun engem Cello begleet. De Public huet sech mat agestëmmt a mat him d‘Lidd duerch gesongen.

© eldoradio


Ze héiere krut een all seng grouss Hits wéi "Be alright" & "7 minutes" oder och mol e Cover wéi den "The Killers" Song "When We Were Young".

No „For the Last Time“ hunn d'Museker um 21:50 d‘Bühn verlooss, koumen awer nach eng Kéier fir 2 Songs zréck.
Mat "Waves" huet een den Owend ofgeschloss.

Den Dean Lewis huet de Public am Atelier mat "best Crowd" gelueft, an dat zu Recht. D‘Publikum huet de ganzen Owend matgesongen, wéi wann se schonn zënter éiweg seng Musek kenne géifen, an dobäi huet den Här grad mol säin Debutalbum dobaussen.

© eldoradio


Um Enn kann ee soen, et war en absolut gelongenen Donneschden Owend am Atelier, och wann den Dean Lewis selwer mol deen een oder aner Toun net getraff huet, an och kuerz Problemer mat engem Wackler un der Gittar ze kämpfen hat.
Dat weist béides just dass et eng 100% live Show war, bei der Lidder am Virdergrond stoungen. Den Lewis brauch keng gigantesch Show Produktioun.

Fir deen Owend, an de sympatheschen Dean Lewis, an natierlech fir „d‘best Crowd“ ginn et 4 vu 5 Stären.

Lauschtert hei d'Reaktiounen!


De Support Act vum Dean Lewis, de lëtzebuergesche Kënschtler CHAILD war och immens frou virum Australier kënnen ze spillen:

De Support-Act CHAILD


Klickt hei fir d'Pics vum Concert >>>