Musek NewsDavid Gilmour-Gittar brécht Weltrekord

De Pink Floyd-Sänger David Gilmour huet sech bei enger Stee vun 120 Gittare getrennt, an dobäi eng onwahrscheinlech Zomm kasséiert.

Leschten Update: 21.06.2019, 13:52:40

© Johannes EISELE / AFP

Zanter 1971 war di sougenannt „Black Strat“-Gittar säin treie Begleeder an op ville Pink-Floyd-Hits ze héieren. Mee deen 73 Joer ale Museker huet decidéiert, sech vun e puer vu senge schéinste Gittaren ze trennen, an den Erléis fir de gudden Zweck ze spenden.

Am ganzen goufen 120 Gittare versteet, an natierlech hunn di historesch Instrumenter och hire Präis. Sou ass di legendär „Black Strat“ fir ganzer 3,5 Milliounen Euro iwwert den Dësch gaangen, an huet domat de Weltrekord fir di deierst versteete Gittar gebrach. Dëst wäertvollt Sammlerstéck hat den David Gilmour ënner anerem fir Opnamen vun „Comfortably Numb“, „Money“ an „Shine On You Crazy Diamond“ gespillt.

Bei der ganzer Stee koumen ganzer 19 Milliounen Euro fir de gudden Zweck zesummen.