Musek NewsYoutube remastert al Museks-Video'en

Ween al Museksklassiker op Youtube kuckt, fënnt déi leider just a schlechter Qualitéit. Youtube wëllt dat elo änneren.

Leschten Update: 21.06.2019, 14:13:07

Vill vun den ale Museksvideo‘en goufen fir déi deemoleg Teleë‘en mat Mono-Lautsprecher gemaach. Iwwert eng nei Verschaffung stinn si elo a méi héijer Opléisung an a besserer Audioqualitéit zur Verfügung.  Zu de verschafften Clips zielen zum Beispill Video’en vu Billy Idol, Beastie Boys an Tom Petty. Och méi aktuell Video’en vu Maroon 5 oder Lady Gaga goufe verschafft. All Woch sollen weider Video’en remastert ginn. Enn 2020 soll de Prozess dann ofgeschloss sinn.

D’User solle vun deem ganze Prozess net vill matkréien. Di betraffe Video’en sollen nämlech ënnert der aler URL weiderhi kënne  opgeruff ginn. Och d’Streamingzuelen, Kommentaren a Links  ginn iwwerholl.