Musek NewsJustin Bieber huet e spezielle Cadeau fir säi Manager

Dem Justin Bieber säi Manager Scooter Braun huet kierzlech säin 38. Gebuertsdag gefeiert. Vum Museker krut hien e ganz spezielle Cadeau.

Leschten Update: 21.06.2019, 15:01:49

© Robyn Beck/afp

De kanadesche Superstar huet sech eppes Besonnesches afale gelooss an dem Scooter Braun eng Foto vu sech geschenkt mat plakegem Uewerkierper. Mat de Wieder „Happy birthday Scooter“ huet hien d‘schwaarz-wäiss Photo verschéinert an dunn op Instagram gepost,


De Scooter Braun huet dem Justin Bieber an de schlëmmste Phasen vu sengem Liewe weider gehollef. Hien stoung ëmmer un senger Säit an huet hien och no sengem Zesummebroch 2014 nees opgebaut.