Musek NewsGewënner vun de BET-Awards 2019

D'Cardi B ass mat 7 Nominéierungen als grouss Favoritin an d'Renne gang, 2 Awards konnt et schlussendlech gewannen.

Leschten Update: 24.06.2019, 10:08:48

© Jean-Baptiste LACROIX / AFP

De Sonnden, 23 Juni 2019, am Microsoft Theater zu Los Angeles goufen op e Neits afroamerikanesch Kënschtler aus diversen Entertainment Branchen ausgezeechent. An dësem Joer waren gehéieren de Sänger Bruno Mars, Tennis-Star Serena Williams, Schauspillerin Regina King a Musekerin Beyoncé zu de Gewënner.

D'Cardi B huet dobäi all Grond ze feieren: Mat 7 Nominéierungen ass d'Rapperin op d'Präisiwwerreechung gaangen, a konnt sech am Endeffekt zwee vun de wichtegsten Auszeechnungen ergatteren. D'Musekerin krut fir säin Album "Invasion of Privacy" de Präis an der Kategorie "Album Of The Year" a konnt sech och an der Kategorie "Best Female Hip Hop Artist" duerchsetzen.

Fir en emotionale Moment op der Bühn vum Microsoft Theater zu Los Angeles, hunn d'Rihanna a Mary J. Blige gesuergt. Nodeems d'Rihanna dem Mary J. Blige den "BET Lifetime Achievement Award" iwwerreecht hat an dës als "onbestridde Kinnigin vum Hip Hop an R&B" bezeechent huet, huet och d'Mary J. Blige a senger Dankesried zougi grousse Rihanna-Fan ze sinn.

Hei d'Gewënner am Beräich Musek am Iwwerbléck:

Video Of The Year: Childish Gambino

Album Of The Year: Cardi B

Best Female R&B/Pop Artist: Beyoncé

Best Male R&B/Pop Artist: Bruno Mars

Best Group: Migos

Best New Artist: Lil Baby

Best Collaboration: Travis Scott ft. Drake, "Sicko Mode"

Best Male Hip Hop Artist: Nipsey Hussle

Best Female Hip Hop Artist: Cardi B

Dr. Bobby Jones Best Gospel/Inspirational Award: Snoop Dogg ft. Rance Allen, "Blessing Me Again"