Musek NewsSeeed ginn Headliner vu Southside an Hurricane 2020

D'Editioun vun 2019 ass knapps eriwwer, scho geet de Virverkaf fir d'nächst Joer lass.

Leschten Update: 24.06.2019, 10:41:31

© Eldoradio

Um Hurricane a Southside 2019 ginn nach déi lescht Zelter agepaakt, scho ginn et déi éischt News vum Zwillingsfestival. Op de Facebook-Säite gouf Sonndes am Nomëtten an engem Video annoncéiert, datt Seeed bei béide Festivals 2020 optriede wäerten.

Am Abrëll 2019 hu Seeed hir nei Single "Ticket" erausbruecht an domat en éischte Virgeschmaach op den neien Album, dee bis ewell nach keen Titel huet an am Laf vum Joer erauskomme soll, geliwwert. Ier d'Band, déi mëttlerweil just nach aus 10 Membere besteet, awer op de Festivals optriede wäert, komme si de 25. Oktober 2019 op Lëtzebuerg an d'Rockhal.