Musek NewsFelix Jaehn als Wuessfigur zu Berlin

De Felix Jaehn huet net just kommerziellen Erfolleg, hien krut elo och eegen Wuessfigur bei „Madame Tussauds“

Leschten Update: 08.07.2019, 14:51:43

De Felix Jaehn huet eng eegen Wuessfigur bei „Madame Tussauds“ zu Berlin. An engem Interview weist den DJ sech ganz frou doriwwer. „Wéi d’Ufro koum, war ech total geflasht “, sot hien.  „Dat ass schonn eng grouss Éier“. An de Felix Jaehn ass och zefridde mam Resultat. „ Ech mengen, et ass bal perfekt“, Ech gouf 8 Stonne laang vun uewe bis ënnen vermooss, Si haten also wierklech all d’Donnée’en , déi ee vu mir kann hunn“.