Musek NewsBottle-Cap-Challenge: Museker maache mat

Passend bei d’Joreszäit gëtt et eng nei Challenge, déi scho bal akrobatesch Leeschtungen verlaangt.

Leschten Update: 09.07.2019, 04:15:44

© KENZO TRIBOUILLARD / AFP

Enn Juni huet den Taekwondo-Meeschter Farabi Davletchin iwwert een Instagram-Video eng nei Challenge lancéiert, an ënner anerem den Acteur Jason Statham erausgefuerdert. An zwar geet et drëm, mat engem Fousskick eng Fläsch opzemaachen. Et huet net laang gedauert bis den Acteur gewisen huet, dass hien dat kann.





Zanterhier probéiere Milliounen Mënschen och, mat hirem Fouss eng Fläsch opzemaachen an och Museker hunn hir Versioun gepost – dorënner d‘Ellie Goulding, wat sech privat mat Kickboxen fit hält, grad wéi de Produzent an DJ Diplo oder och nach den däitsche Rapper Kontra K.