Musek NewsFirwat Museksstreaming schlecht fir de Klima ass

Déi klassesch CD gëtt ëmmer méi vun Streamingplattformen ofgeléist. Dat klengt jo no enger gudder Nouvelle fir d’Klima, oder?

Leschten Update: 09.07.2019, 14:34:13

Wa manner CD’en verkaf ginn, geet de Plastiksverbrauch an der Museksindustrie zréck. Vun 61.000 Tonnen am Joer 2000 op 8.000 Tonnen am Joer 2016. Fir dass d’User kënnen op Streamingssiten wéi Spotify an Apple Music onbegrenzten Accès zu Millioune Lidder kréien, mussen awer Serveren op der ganzer Welt ronderëm d’Auer schaffen. A wéi Wëssenschafter vun den Uni’en Oslo a Glasgow elo festgestallt hunn, huet sech den ökologesche Foussofdrock duerch d’Digitaliséierung insgesamt vergréissert. Den Energieverbrauch vun de Server fält nämlech méi staark an d’Gewiicht  wéi d’Produktioun vu Placken an CD'en.

Ee schlecht Gewësse beim Musek lauschteren brauch een zwar net onbedéngt ze hunn. Allerdéngs soll ee sech bewosst sinn, dass digital net automatesch ëmweltfrëndlech bedeit!