Musek NewsMetallica coveren de Rammstein-Song "Engel"

Metallica hunn op hirer Tour ee weidere Song gecovert

Leschten Update: 09.07.2019, 14:53:07

© afp

Nodeems si zu Köln scho “Viva Colonia” gecovert haten, gouf et um Concert zu Berlin vun Metallica ee Rammstein-Cover ze héieren. De Bassist an de Gittarist vun der Metal-Band hunn de Song „Engel“ zum beschte ginn, a goufen dobäi vum Publikum ënnerstëtzt.

Rammstein haten eréischt viru kuerzem fir d’nächst Joer wieder Concerte ugekënnegt. Wéi scho bei der Stadion-Tour 2009 sinn d’Serveren ënnert dem groussen Undrang zesumme gebrach. Vill potentiell Concertsvisiteuren hounge stonnelaang an der Waardeschlaang a kruten um Enn trotzdeem keen Ticket.