Musek NewsNicki Minaj annuléiert Optrëtt a Saudi-Arabien

D’Nicki Minaj sollt eigentlech nach dëse Mount e Concert a Saudi-Arabien spillen. Dee Concert fir den 18. Juli huet d’Sängerin awer elo ofgesot.

Leschten Update: 10.07.2019, 14:59:54

© AFP/VALERIE MACON

D’Nicki Minaj sollt um Jeddah World Festival als Headliner optrieden. Aus Bedenken iwwert d’Mënscherechtsverletzungen am Land huet hatt säin Optrëtt awer elo ofgesot. D’Rapperin wëllt domat een Zeechen géint di saudesch Regierung setzen. 

Am ultrakonservative Land sinn d’Rechter vun de Fraen nach ëmmer staark limitéiert an homosexuell Handlunge si strofbar.

Mënscherechtsorganisatiounen wéi Human Rights Watch haten d’Rapperin opgefuerdert, den Optrëtt ofzesoen. Deem Opruff ass d’Musekerin elo nokomm.Museker wéi Steve Aoki an Liam Payne wäerten awer wéi geplangt hei optrieden.