Musek NewsMetal-Fans maache fir Rollstullfuerer d'Siicht zur Bühn fräi

Ee Metal-Concert a Spuenien huet elo gewisen, wéi Integratioun funktionéiert. D’Fans hunn hei ee Rollstullfuerer iwwert hir Käpp gehuewen.

Leschten Update: 10.07.2019, 16:41:40

© Daniel Cruz/Resurrection Fest Estrella Galicia

De Publikum vun engem Heavy-Metal-Festival zu Viveiro a Spuenien huet engem Rollstullfuerer mat enger ongewéinlecher Aktioun eng besser Vue op d’Bühn erméiglecht. Wärend dem Optrëtt vun der schwedescher Band Arch Enemy hunn e puer Honnert Hänn dee jonke Mann mat Rollstull an d’Luucht gehuewen an iwwert d’Käpp vun den Zuschauer ewech duerch d’Reie bruecht. Eng Foto vun der spontaner Aktioun grad wéi ee  Video dovun goufen zanterhier an de  sozialen Netzwierker masseweis verbreet a positiv kommentéiert.