Musek NewsYouTube-Erfolleg fir de Sam Smith

De Sam Smith huet all Grond sech ze freeën: De Sänger gouf vu Youtube mat engem Präis ausgezeechent.

Leschten Update: 10.07.2019, 15:09:21

© Daniel LEAL-OLIVAS / AFP

De Sam Smith huet mëttlerweil méi wéi 10 Milliounen Abonnenten op Youtube. Dowéinst krut hien vun der Video-Plattform e Präis iwwerreecht. Op Instagram huet de Museker doropshin e Bild vu sech gepost, op deem hien mam Award poséiert.

Och seng Fans felicitéieren him an de Kommentaren a freeën sech, dass si ee vun den 10  Millioune sinn.