Concerten am August zu Lëtzebuerge-Lake Festival, Gzuz. Mando Diao

Den August ass ee méi rouege Concertsmount, e puer Concerten soll ee sech trotzdeem notéieren.

Leschten Update: 10.07.2019, 16:41:22

De Weekend vum 9.11. August ass den e-Lake Festival mat Optrëtter  vum DJ Ben Nicky, dem Rapper MoTrip an dem Songwriter Bosse

Fans vu méi haarder Rockmusek sollen sech Freides den 23. August näischt virhuelen.  Do kënnt di britesch Metalband Bullet for my Valentine zréck op Lëtzebuerg – fir e Concert an den Atelier.

Den däitsche Rapper Gzuz ass zanter 10 Joer erfollegräich ënnerwee. No sengem ausverkaafte Concert am Juli spillt hien de 24. August eng zousätzlech Show am Atelier.

Da kënnt dëse Mount och di legendär Rockband Mando Diao zréck op Lëtzebuerg. Sonndes den 25. August steet di schwedesch Band am Atelier op der Bühn.

Da sinn de ganzen August iwwer och Concerten an de Rotonden am Kader vun hirem Summerfestival „Congés annullés“. Hei kënnt der méi alternativ Bands wéi Daughters oder Hand Habits entdecken.