Musek NewsNei Forbes-Lëscht: Pop-Queen Taylor Swift trount iwwer allen

De Forbes-Magazine huet seng nei Lëscht mat de bescht bezueltste Promi’en vun der Welt eraus bruecht - an do sinn direkt zwou Fraen un der Spëtzt.

Leschten Update: 11.07.2019, 16:48:58

© afp

Net ze klappen op Plaz 1 ass d’Taylor Swift. Deemno huet d’Sängerin an de leschten 12 Méint 185 Milliounen Dollar verdéngt -  virun allem mat sengem Album „Reputation“ an senger Concertstournée. Hatt ass net déi eenzeg Fra un der Spëtzt vun der Forbes-Lëscht. Op Plaz 2 klasséiert sech d’Reality- a Kosmetik-Queen Kylie Jenner mat 170 Milliounen Dollar. Eréischt op der 3. Plaz gëtt et männlech mam Rapper a Sneaker-Designer Kanye West.