Musek NewsBeyoncé mécht ganzen „Lion King“-Album

Geschwënn kënnt „Lion King“ an de Kino. Nieft dem Soundtrack soll och nach ee separate „Lion King-Album eraus kommen.

Leschten Update: 11.07.2019, 09:34:35

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Larry Busacca

Produzéiert gëtt dësen Album vum Beyoncé héchstperséinlech. Um Album ze fanne sinn international Kënschtler , grad wéi och d’Beyoncé selwer wäert hei ze héiere sinn. Op senger neier Single „Spirit“ huet och de „Lion King“-Komponist Hans Zimmer matgeschriwwen.


Den Album heescht „The Lion King”: The Gift”, a wéi d’Beyoncé an engem Schreiwes erkläert, sollen hei verschidde Genren gemëscht ginn- ënner anerem R&B, Pop, Hip-Hop an Afro-Beat.  Den Album kënnt den 19. Juli eraus.