Musek NewsDavid Bowie mat eegener Barbie-Popp gewierdegt

Mat enger eegener Barbie-Popp wierdegt de Spillwuereproduzent Mattel déi verstuerwe Pop-Ikone David Bowie.

Leschten Update: 12.07.2019, 15:39:37

© afp

D’Barbie-Popp déi dësen Donneschdeg offiziell presentéiert gouf, ass vum David Bowie senger androgynner Konschtfigur Ziggy Stardust inspiréiert: Si huet een enke, gesträifte Kostüm a metallesche Faarwen un, a rout Stiwwelen.

Op de Maart kënnt d‘Barbie-Popp fir de 50. Joresdag vum Bowie senger legendärer Single "Space Oddity" am Joer 1969. Mat der Popp soll "dat kulturellt Ierwe vum Museker" gewierdegt ginn, seet d‘Firma Mattel.

De britesche Museker war 2016 am Alter vun 69 Joer gestuerwen. D‘Popp a limitéierter Editioun soll 45 Euro kaschten.

© Mattel