Musek NewsR. Kelly nees wéinst Mëssbrauchsvirwërf festgeholl

Wéinst 10 Mëssbrauchsfäll ass den R. Kelly schonn ugeklot. Elo gouf hie wéinst weideren Accusatioune festgeholl.

Leschten Update: 12.07.2019, 14:46:36

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/NUCCIO DINUZZO

Den R. Kelly gouf zu Chicago op en neits festgeholl. Et geet ënner anerem ëm Fäll vu Kannerpornographie, sexuell Ausbeutung a Verféierung vu Mannerjäregen. 


A wéi engem Zesummenhang déi aktuell Reproche mat scho bekannte Fäll stinn, ass net gewosst. Ausserdeem steet och nach net fest, ob de Rapper bis op Weideres am Prisong bleift.

De Museker selwer dementéiert bis ewell all Schold.