Musek NewsLady Gaga kooperéiert mat Amazon a releast Kosmetik-Linn

Staren wéi Rihanna an J Lo si scho laang erfollegräich mat enger eegener Kosmetik-Linn , elo wëllt och d’Lady Gaga an dee Business era klammen.

Leschten Update: 12.07.2019, 15:38:14

© AFP/Anne-Christine POUJOULAT

Ee Joer laang huet d’Lady Gaga u senger eegener Kosmetik geschafft, elo huet hatt deen offizielle Video-Clip dozou presentéiert. 15 Leit solle mat der Sängerin un hirer éischter Make-Up Linn zesumme geschafft hunn déi am September ënnert dem Numm „Haus Laboratories“ eraus kënnt. Mat Amazon  ass d’Lady Gaga eng Kooperatioun agaangen, sou dass d’Fans weltwäit seng Produite kafe kënnen.