Musek NewsDen Drake gëtt vun engem Fan verklot

Den Drake muss sech viru Geriicht veräntwerten.

Leschten Update: 20.07.2019, 18:03:37

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/File/Jamie McCarthy

De Rapper gëtt vum Amanda Giovacco verklot, well hatt bei sengem Concert am Madison Square Garden zu New York um Kapp vun enger Glasfläsch getraff gouf. D’Fra ass der Meenung dass den Drake an de Promoter vum Concert net genuch Sécherheetsleit bereet gestallt huet, fir ze verhënneren dass Fläschen an d’Concertshal era kommen a geworf kënne ginn.

Di 24 Joer al Fra huet ee schwéier Kappverletzung dovu gedroen, wou si och haut nach géing drënner leiden. Den Drake selwer huet sech nach net zu de Reproche geäussert.