Musek NewsD'Speakere vum Sonic Visions Festival goufen annoncéiert

De Line Up vum Sonic Visons Festival steet scho méi laang fest. Elo hunn d’Organisateuren och Detailer zu de Konferenzen bekannt ginn.

Leschten Update: 18.07.2019, 15:24:20

An zwar wäert ënner anerem de Mac Reynolds, Manager vun der Band Imagine Dragons, hei eng Konferenz halen, grad wéi de franséische Produzent Pedro Winter, Grënner vum Plackelabel Ed Banger Records. Zum Programm zielen ausserdeem eng Rei Workshoppen an Diskussiounen mat Professioneller aus der Museksbranche. De Festival ass den 15. a 16. November an der Rockhal. De Ticket fir d’Live Showen an d’Konferenze kascht 50 Euro.