Musek NewsHei fannt der alles ronderëm de Rammstein-Concert

Am Kader vun hirer Stadion-Tour komme Rammstein dëse Samschdeg zréck op Lëtzebuerg - fir een Open Air Concert zu Réiser. 18.000 Visiteure ginn erwaart.

Leschten Update: 20.07.2019, 09:08:54

Di däitsch Metalband huet am Fréijoer 2019 hire 7. Studioalbum erausbruecht an ass domat op hirer éischter Stadiontour an der Geschicht. Nieft Optrëtter am Olympiastadion zu München virun 70.000 Spectateuren sinn si och live zu Réiser ze gesinn, um Site vum Rock-A-Field, wou Plaz ass fir 18.000 Leit. Et ass di klengste Venue vun der ganzer Tour.  Et ass fir Rammstein deen éischte Concert zu Lëtzebuerg zanter 2011.

Rammstein si fir hir spektakulär Live-Optrëtter bekannt. Si sti fir gigantesch Rockinszenéierungen mat Pyro-Elementer. Si hunn hir eege Stadion-Tourbühn mat dobäi.







Den Timing gesäit esou aus:

16h00: d’Dieren ginn op

20h00: Support Act (Duo Jatekok)

21h15: Rammstein

Verbuede Géigestänn:

Professionell Foto- a Videokameraen Go-Pro-Kamera’en a Selfie-Sticks

Iessen a Gedrénks, Alkohol, psychotropesch an narkotesch Substanzen

Waffen, pyrotechnesch Produiten, a gëfteg Géigestänn

Grouss Géigestänn a Poschen (Poschen déi eng Gréisst vun DINA4 iwwertreffen, sinn net erlaabt)

Vëlo’en, Skateboarden, Motorradshelmer, Still, a Prabbeli’e 

Wéi kënnt een dohin?

Et muss een am Viraus decidéieren, wéi een op de Concert wëllt  kommen. De Site vum Herchesfeld ass NET un den ëffentlechen Transport ugeschloss. D’Stroosse ronderëm si fir den ëffentleche Verkéier gespaart.

Den Atelier proposéiert 3 Méiglechkeeten :
1) ee Shuttle-Bus, dee vum P+R Bouillon op de Concert-Site a zréck fiert. All Client muss am Viraus en Ticket kafen (5€ pro Persoun).
2) Parking: Den On-Site-Parking gëllt fir Motoen an Autoen. Och hei muss een en Ticket am Viraus kafen (20€pro Ticket/ pro Auto). Vum Parking fiert eng gratis Navette op den Concerts-Site.
3) Green Travel: mam Vëlo oder zu Fouss kommen. Et gëtt 200 securiséiert Vëlosstänner bei der Entrée. De Vëlosparking erreecht een iwwert Krautem via d’Rue de la Montagne.
Bei all Rammstein-Ticket ass den ëffentlechen Transport den 20. Juli inklusive (Busser & Zich).

Weider praktesch Detailer fënnt een um Site vum Atelier

De Michel Welter huet d’Band fir den Atelier gebucht. Wat ass un dëser Band sou aussergewéinlech?

Firwat hutt dir decidéiert, de Concert grad um Herchesfeld ze maachen?

Wéi d’Band annoncéiert huet, spillen si op hirer Tour 2019 – mat Ausnam vu Réiser, - just a grousse Stadien. Wat bedeit dat konkret fir den Optrëtt zu Lëtzebuerg?