Musek NewsTrump wëllt Kautioun fir ASAP bezuelen

Den US-President huet der schwedescher Justiz virgeschloen, eng Kautioun ze bezuelen, fir datt den ASAP nees fräi kënnt. Säi Virschlag gouf refuséiert.

Leschten Update: 21.07.2019, 10:05:27

© Angela Weiss / AFP

Den US-President Donald Trump wëllt eng Kautioun bezuelen, fir datt den US-Rapper ASAP Rocky aus dem Prisong kënnt. Wéi den Trump matgedeelt huet, huet hie mam schwedesche Regierungschef Stefan Löfven geschwat an hätt him ugebueden, eng Kautioun fir den ASAP ze bezuelen.

Wéi et vun engem schwedesche Regierungsspriecher heescht, hätt de Löfven am Gespréich mam Trump betount, datt déi schwedesch Justiz komplett onofhängeg wieren. Deemno hätt déi schwedesch Justiz weder d'Muecht, nach d'Intentioun, de Prozess ze beaflossen. D'Recht op Entloossung op Kautioun wier am schwedesche System net virgesinn.





Den ASAP Rocky war Enn Juni zu Stockholm no engem Concert an eng Kläpperei geroden. Hie gouf wéinst Kierperverletzung festgeholl.