Concertscheck Rammstein Wahnsinneg Show a faszinéiert Leit

Dass et gutt gëtt war wuel jidderengem kloer, mee dass Rammstein op alle Gebidder esou iwwerzeegt, huet bei villen d'Erwaardungen iwwertraff.

Leschten Update: 21.07.2019, 14:16:39

© Eldoradio

Wéi um 16h00 d'Diere fir op d'Herchesfeld opgaange sinn, huet et keng Minutt gedauert, bis dat déi éischt Fans scho vir an der éischter Réi stoungen. Minutt fir Minutt huet de Site sech gefëllt an d'Virfreed op de Concert war jidderengem unzegesinn. Grouss Aen a vill Fotoe goufe vun der spektakulärer Bühn gemaach, déi engem direkt nach méi Bock op de Concert gemaach huet. D'Leit soutzen deelweis a Gruppen op der Wiss, stounge beim Gedrénksstand, hu gelaacht a sech ameséiert. D'Stëmmung war am Virfeld scho super.

Um 20h00 ass et da lassgaange mat der Virband. Dat franséischt Duo Jatekok huet gutt 45 Minutten d'Klavier-Album vu Rammstein op zwee Pianoe gespillt a bei verschiddene Léit opgrond vum Kontrastwiessel fir Staune gesuergt. Et kann ee net soen dass d'Virband vu Rammstein d'Leit op de Concert agestëmmt huet mee et war aussergewéinlech. Gutt aussergewéinlech.

No enger kuerzer Uso vu Rammstein, dass d'Leit wärend dem Concert d'Handyen an der Täsch solle loossen an den Optrëtt genéisse sollen, ass et dann um Punkt 21h15 mat engem gelongenen Intro lassgaangen. Während dem ganze Concert kruten d'Leit feinste Rock gebueden an och déi, déi eigentlech net esou Fan vun der Musek ware goufe voll matgeholl. Eng Pyroshow wéi se am Billerbuch steet a masseg Konfetti dee fir Minutten an der Loft ronderëm geflunn ass hu bei jidderengem fir Freed gesuergt an engem Lidd fir Lidd nach méi Bock gemaach.


Vill Leit hu sech nëmme wéinst der berühmter Show en Ticket fir de Concert kaf, mee am grousse Ganze war et d'Gesamtpaket Rammstein op dat déi meescht Bock haten. En Owend dee bestëmmt kee wäert sou séier vergiessen a fir déi meescht wahrscheinlech de beschte Concert an hirem Liewen.

5 vu 5 Stären!


Wat fir eenzeler den absoluten Highlight war an ob se wéinst der Show oder der Musek op de Concert komm sinn, kënnt der hei lauschteren: