Musek News13RW - Soundtrack kënnt vu Lauv feat. Anne-Marie

Déi zwee Museker sangen de Soundtrack vun der 3. Staffel 13 Reasons Why.

Leschten Update: 08.08.2019, 15:15:47

© eldo

Den amerikanesche Museker Lauv an déi britesch Sängerin Anne-Marie hu „ Fuck, I’m lonely” fir d’Netflix Serie 13 Reasons Why produzéiert.

Passend zum neie Lidd vun 13 Reasons Why sinn och zwee bal identesch Museksvideoen erauskomm.

An engem Statement huet de Lauv erkläert, dass hie ganz houfreck, wier beim Soundtrack vun der neier Staffel dobäi ze sinn. Hien huet awer och d’Zuschauer vun der bekannter Serie dozou opgeruff, mat Frënn iwwert d’Sendung ze schwätzen a mat hinnen éierlech Gedanken a Gefiller iwwert déi kritesch Sujete vun der Serie ze deelen.

Een anert bekannte Lidd vum fréiere Soundtrack vun der Serie ass z.B. „Lovely” vum Billie Eilish an dem Khalid.

Lauschtert hei eran!