Musek NewsLady Gaga: Huet hatt säin Oscar-Hit „Shallow“ geklaut?

Vru kuerzem gouf d‘Katy Perry wéinst dem Hit “Dark Horse” zu enger Geldstrof veruerteelt. Elo riskéiert och d‘Lady Gaga eng Plainte wéinst Plagiatsverdacht

Leschten Update: 09.08.2019, 14:21:59

© AFP/Anne-Christine POUJOULAT

Mam Titel „Shallow“ hat d‘Lady Gaga 2018 zesumme mam Bradley Cooper ee vun erfollegräichste Songs vum Joer. Allerdéngs riskéiert d’Sängerin elo ee Rechtssträit wéinst der Melodie vum Lidd.

Dee bis ewell éischter onbekannte Songwriter Steve Ronsen reprochéiert der “Pokerface”-Sängerin, vu sengem Titel “Almost” aus dem Joer 2012 geklaut ze hunn. Dass d’Lady Gaga dat Lidd virdru kannt huet, dierft allerdéngs ganz onwahrscheinlech sinn. Schliisslech huet de Video bei YouTube grad mol 3.000 Opriff. Di amerikanesch Plattform Portal “Page Six” mellt, dass den No-Name-Sänger a säin Affekot e puer Milliounen Euro Schuedenersatz fuerderen.

D‘Lady Gaga selwer huet ee vu den  ambitionéiertsten Affekoten vun New York engagéiert. Wéi et ausgesäit, hëlt hatt d’Saach awer eescht.

Réischt d’lescht Woch huet d’Geriicht zu Los Angeles bewisen, wéi knallhaart di amerikanesch Justiz géint  Plagiater virgeet. De Katy Perry Song “Dark Horse” war just liicht ähnlech wéi dat vum Rapper Flame a gouf trotzdeem als  Kopie veruerteelt.