Musek NewsSeeed annoncéieren hiren neien Album „BAM BAM“

No den zwou éischte Singelen hu Seeed elo offiziell hiren neie Studioalbum ugekënnegt.

Leschten Update: 09.08.2019, 16:21:43

© eldo

Dëse Freideg hu Seeed hiren neien Album BAM BAM ugekënnegt.  Dëse mëttlerweil 5. Studioalbum soll de 04. Oktober 2019 eraus kommen. Am Virfeld hunn si jo schonn déi éischt zwou Singelen „Ticket“ a „Lass Sie Gehn“ eraus bruecht.

Am Oktober 2019, eng Woch nom Albumrelease, ass dann och zu Frankfurt den Optakt vun der komplett ausverkaafter Tour. An deem Kader komme Seeed de 25. Oktober live an d’Escher Rockhal.