Musek NewsDie Toten Hosen: Concertsfilm kënnt op DVD

De Concertsfilm „Weil du nur einmal lebst – die Toten Hosen auf Tour“ weist een intime Portrait vun der Band. Enn August gëtt et dëse Film och op DVD.

Leschten Update: 09.08.2019, 15:08:56

© eldo

An engem Communiqué heescht et: „De Film deen aus e puer Honnert  Stonne Material a méintelaanger Aarbecht entstanen ass, begleet d‘Band wärend der ganzer Tour – virun an hannert de Kulissen – an erzielt hir Geschicht op Basis vun hire ville Lidder an an hiren eegen Wieder. D‘Regisseurin a Grimme-Präis-Gewënnerin Cordula Kablitz-Post weist d’Jongen an hir Crew wärend der Tour op der Bühn, Backstage an am Tourbus, ongeschminkt an onzenséiert. Si huet d‘Héich- an Déifpunkten vun engem  aussergewéinleche Joer agefaangen." 

De Frontmann Campino seet: „Mir fillen eis am Film gutt getraff an hate vill Spaass dobäi, de Film ze kucken.