Concerten am September zu LëtzebuergThe Faim, Revolverheld, Milow

De September ass nach ee méi rouege Concertsmount, e puer Live Shows sollt een awer net verpassen.

Leschten Update: 12.08.2019, 09:55:59

De 4. September kënnt di australesch Indierock-Band The Faim live an den Atelier- Musek déi och Fans vun Fall Out Boy oder The 1975 gefalen dierft






Revolverheld gehéieren zu den bekanntsten däitschsproochegen Pop-Rock-Bands. Mat hiren gréissten Hits an hirem aktuelle 5. Studioalbum „Zimmer mit Blick“ komme si Sonndes den 8. September live an d’Luxexpo.





Di amerikanesch Indieband Eels gouf virun méi wéi 20 Joer mat Hit „Beautiful Freaks“ bekannt.  Zanterhier hunn si de Publikum hei zu Lëtzebuerg schonn e puer Mol live iwwerzeegt. Donneschdes den 12. September komme si zréck fir e Concert an den Atelier.

Fans vu Lëtzebuerger Hip-Hop solle sech Freides den 27. September notéieren. Do presentéiert den T The Boss säin neien Album am Rockhal Club.

De belschen Songwriter Milow kënnt dëse Mount zréck op Lëtzebuerg. Mat senge bekannten Hits a sengem neien Album „Lean Into Me“ kënnt hien Sonndes den 29. September live an den Atelier.