Musek NewsBillie Eilish schreift Charts-Geschicht

D’Billie Eilish huet eréischt een Album eraus bruecht, konnt domat awer schonn d’Chartsgeschicht schreiwen.

Leschten Update: 12.08.2019, 12:13:37

© Scott Dudelson / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

D’Billie Eilish ass elo scho fir d’zweete Kéier un der Spëtzt vun de Billboard Alternative Charts. Nom Titel “Bury a friend” huet och di aktuell Single “Bad Guy” et op Plaz 1  gepackt.

Dass eng Kënschtlerin gläich mat zwou Singelen ausserhalb vum Mainstream op der Spëtzepositioun Plaz 1 lant, hu virdru just d’Sinead O’Connor an d’Alanis Morissette fäerdeg bruecht.