
© Valerie MACON / AFP
Op Instagram huet de Post Malone eng Zäit laang reegelméisseg seng Liiblingsbéierzorte mat senge Follower gedeelt, an um Enn d’Firma Budweiser zu sengem absolute Favorit erkläert. Mëttlerweil konnt de Kënschtler een Deal mat der Firma ënnerschreiwen déi seng aktuell Tour doropshin net just organiséiert, mee och finanziell ënnerstëtzt huet. Dat ass awer net alles. Wéi de Post Malone annoncéiert huet, huet d’Firma nach een drop gesat an hire Béierbéchsen een neien Design ginn- nämlech mam Kapp vum Museker drop.
Et kann een dovun aus goen, dass des Kreatioun sech gutt verkeeft. Scho wéi de Post Malone mat Crocs zesumme geschafft huet, war seng éischt Kollektioun bannent Minutte sold out.
IT’S HAPPENING. New @postmalone album coming in September #DiveBarTour pic.twitter.com/U0cNBttyIm
— Bud Light (@budlight) August 6, 2019