
Wann een dem Museker an Acteur Jack Black gleewe kann, huet all Mënsch dorops gewaart. Den Jack Black an Jack White hu sech zu enger Persoun zesumme gedinn, an déi nennt sech da logescherweis Jack Gray. Ee Lidd hunn di 2 bis elo ënnert dësem Numm eraus bruecht.
Dofir ass den Jack Black zesumme mat sengem Tenacious-D-Bandkollege Kyle Glass op Nashville bei den Jack White gefuer. Op sengem Youtube-Channel "Jablinski Games" huet den Jack Black an engem 18 Minutte laange Video dokumentéiert, wéi sech di 3 Museker treffen. Am Opnahmestudio selwer hunn si awer net gefilmt.
De Wonsch no engem gemeinsame Projet haten di 2 scho säit hirem éischten Optrëtt an den 90er Joren.