
© spotify screenshot
Den Numm Future schéint fir ee Rapper gutt ze passen. Dat duecht sech wuel dee 15-Joer ale Schüler Emre aus Nordrhein-Westfalen, dee sech als Museker dëse Pseudonym ginn huet. De Weekend huet hien ënnert dësem Numm op Spotify säi Lidd "Ausländer 2"eraus bruecht. Een technesche Feeler huet awer dofir gesuergt, dass säi Lidd als Neivirstellung um offiziellen Account vum amerikanesche Rapper Future ugewise gouf. Den Titel vum bis elo onbekannte Rapper gouf domat op ee Coup bal 21 Milliounen Nolauschterer zougänglech gemaach. Duerch e sëlleche Messagen bei Instagram gouf den Emre op d’Verwiesslung opmierksam. Hien betount, dass et keng bewosst Täuschung ass, mee ëm ee Feeler beim Streamingdéngscht handelt.
Um Spotify-Profil vum amerikanesche Rapper ass deemno an der Kategorie „Neivirstellung“ de Song "Ausländer 2" opgedaucht. Um Cover: eng a Stécker geschnidde Wurscht. Dat héiert sech sou guer net no deem weltwäit bekannte Future un, dee fir seng Nummer-1 -Alben an den USA e puer Mol mat Platin ausgezeechent gouf. Dëse Future rappt nämlech normalerweis iwwer Drogenerfahrunge mat Codein a Xanax.
Hallo. So zur Aufklärung. Ich hab den Auftrag gegeben, meinen track auf Spotify veröffentlichen. Ich hab nicht mit dem release auf dem Profil beim Großen Future gerechnet.
— future♥ (@futurexyoutube) August 11, 2019