
© TIMOTHY A. CLARY / AFP
Wéi de Männermodel Josh Kloss an engem laangen Instagram Post matdeelt, war hie virun 10 Joer een Deel vum „Teenage Dream“-Video, an deem hie mam Katy Perry eng Koppel gespillt huet. Op enger Gebuertsdagsparty kuerz dono huet hien d’Sängerin erëm gesinn, an do soll d’Katy Perry him virun all de Leit seng Box erof gezunn hunn.
Hien seet ausserdeem, en hätt 650 Dollar fir de Videodréi kritt, a wär deemools vun där Aarbecht ofhängeg gewiescht. Seng Mataarbechter hätten him agetriichtert, hien dierft an Interviewen op kee Fall iwwert d‘Sängerin schwätzen. Well „Teenage Dream“ awer elo geschwënn 10-järege Jubiläum feiert, wëllt hien seng Erfarungen mat der Welt deelen. D’Fans vum Katy Perry huelen de Model awer net eescht a gleewen net un eng sexuell Belästegung. D‘Sängerin huet sech nach net geäussert.