
© JEAN-PIERRE CLATOT / AFP
Fir d’éischte Kéier gouf et dëst Joer een Tomorrowland Winter deen am Mäerz am franséischen Alpe d’Huez seng Diren opgemaach huet. Eng 30.000 Mënschen konnte moies Schi fueren an owes Party maachen. Des éischt Wanter Editioun war sou erfollegräich, dass et d’nächst Joer e weidert Event gëtt – an dat soll vum 14. bis 21. Mäerz nees an der Schistatioun Alpe d’Huez organiséiert ginn.
Vun elo un kann ee sech hei fir d’Ticketen registréieren. Mëtt September ginn dann di verschidde Packages an d’Vente.