Musek NewsAsap Rocky a Schweden wéinst Kierperverletzung veruerteelt

Den amerikanesche Rapper Asap Rocky an 2 vu senge Begleeder sinn a Schweden wéinst Kierperverletzung veruerteelt ginn. An de Prisong musse si awer net.

Leschten Update: 14.08.2019, 14:59:49

© Fredrik PERSSON / TT NEWS AGENCY / AFP

D‘Geriicht gesäit et als erwisen, dass di 3 Ugekloten zu Stockholm ee jonke Mann geschloe a getrëppelt hunn, wéi deen um Buedem louch.  Si wieren dobäi net an enger Situatioun gewiescht, wou si sech just selwer hätte misse verdeedegen.  D’Dot wier awer och net esou schlëmm, dass si dofir an de Prisong missten. D’Affer kritt eng finanziell Entschiedegung. De Parquet hat 6 Méint Prisong gefrot.

Den Asap Rocky an 2 vun senge Begleeder hate sech a Schweden misse wéinst Kierperverletzung viru Geriicht veräntweren. Enn Juni hate si de Mann op der Strooss zesumme geschloen – eegenen Aussoen no, nodeems si vun him belästegt gi waren. Den amerikanesche President Donald Trump a verschidde Prominenter hate sech an de Fall agemëscht.

Di 3 Männer souze 4 Wochen a schwedescher Untersuchungshaft. Nom Uerteel koume si op fräie Fouss an sinn zréck an d’USA geflunn.