
© Kyle GRILLOT / AFP
Just e puer Deeg nom Bezéiungs-Enn mam Liam Hemsworth huet d’Miley Cyrus di nei Single eraus bruecht. Am Titel „Slide Away“ verschafft d’Miley wéi een erkenne kann d’Bezéiungs-Enn, Dee ganze Songtext handelt vun der Bezéiung tëscht den 2 Staren. An dovun, dass et elo Zäit war, lass ze loossen.
Am Lidd kënnt d‘Cyrus och op d‘Grënn ze schwätzen an erkläert, dass tatsächlech dem Liam seng Drogen- an Alkoholproblemer zur Trennung geféiert hätten.
D‘Miley an de Liam haten no just 8 Méint Mariage hir Trennung bekannt ginn. Et hätt ee sech souwuel als Mënsch wéi och als Partner "weiderentwéckelt a verännert", hu si matgedeelt.