
© Bennett Raglin / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP
D‘Missy Elliott kritt am Kader vun de VMAs 2019 de Michael Jackson Video Vanguard Award iwwerreecht. Et ass deen héchsten Award, deen MTV ze verdeelen huet. Wéi et vun MTV heescht, wier säin Afloss an der Musekslandschaft einfach onwahrscheinlech grouss. D’Missy Elliott ass déi éischt Rapperin, déi de Präis kritt an nom LL Cool J (1997), de Beastie Boys (1998) an dem Kanye West (2015) dee véierte Rap-Kënschtler.
D‘Missy Elliott wäert bei der Präisverdeelung och live performen –säin éischten Optrëtt op der VMA-Bühn zanter 2003!