
© afp
Deen 62 Joer ale Fan soll eng Stonn no Concertsufank wärend dem Song „Sulfur“ zesumme gebrach sinn. Fans am Moshpit hunn de Mann direkt ofgeschiermt, hunn d’Rettungsequippen alarméiert an hunn éischt Hëllef geleescht – awer den Happy End blouf aus. De „Slipknot“-Fan ass nach um selwechten Owend gestuerwen. Et soll 15 bis 25 Minutte gedauert hunn, bis d‘Sanitäter beim Affer ukoumen. Dowéinst kréien d’Organisateuren elo virgeworf, net op sou Noutfäll preparéiert gewiescht ze sinn.