
© John MACDOUGALL / AFP
Den Sheeran war virun e puer Wochen bei engem Meeting vun Heinz Ketchup mat dobäi an huet der Firma bei hirem neie Look gehollef. 1500 Fläschen goufe fir den 150. Jubiläum vun der Firma mat engem speziellen Tattoo-Design dekoréiert. Inspiréiert gouf dësen Design vum Ed Sheeran sengen eegenen Tattooen. 3 vun dëse limitéierte Fläschen hunn elo op enger Stee zu London fir am ganzen 4.000 Euro de Besëtzer gewiesselt. Den Erléis geet un ee Kannerspidol an un di karitativ Organisatioun „Rise Against Hunger“.
Ed Sheeran releases limited edition Heinz Ketchup bottles for charity - 91.7 The Wave https://t.co/CpX8pXtgXh pic.twitter.com/CNmkfjvOjH
— Ed Sheeran News (@EdSheeranNews0) August 19, 2019
Dass den Ed Sheeran e Fan vun der rouder Zooss war, ass kee Geheimnis méi. Hien huet sech esouguer de Logo vun der Firma op säi lénken aarm tätowéiere gelooss.
Ed Sheeran's new tattoo is of the Heinz ketchup logo...?! #what - J pic.twitter.com/63i2X8tM
— KY (@queenkyliebaby) September 27, 2012