Musek NewsJustin Timberlake a Lizzo waren zesummen am Studio

Den Justin Timberlake huet ee Video gepost, deen hien an d’Lizzo beim Sangen am Studio weist. An och ee weidere Museker schéngt matgeschafft ze hunn.

Leschten Update: 19.08.2019, 15:18:35

© AFP/File/VALERIE MACON

Wéi et ausgesäit, kënne mir eist op ee gemeinsame Song vum Justin Timberlake an Lizzo freeën. De Sänger huet op Twitter ee Video gedeelt, dat hien beim ausgeloossene Sangen an Danze mat der Newcomerin am Studio weist. Och ee weidert bekannt Gesiicht ass am Video ze gesinn: Am Hannergrond schéint sech de Rapper Meek Mill grad seng Nues ze botzen. Ob och hien um neie Lidd bedeelegt war oder einfach just fir eng kuerz Visitt am Studio war, bleift ofzewaarden. Schonn am Juni hat d‘Lizzo an engem Interview bekannt ginn, dass hatt vum Justin Timberlake wéinst enger méiglecher Zesummenaarbecht kontaktéiert gouf.





View this post on Instagram

Building.

A post shared by Justin Timberlake (@justintimberlake) on