Musek NewsJack White verléisst Baseball-Spill  fir e Concert ze ginn

Den Jack White huet ee Baseball-Spill verlooss fir ee Concert ze spillen. Dono ass hien pünktlech nees opgedaucht fir de Schluss vum Match ze kucken

Leschten Update: 19.08.2019, 15:20:01

© KEVIN WINTER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP


De 17. August huet den Jack White de Baseball-Match Washington Nationals géint Milwaukee Brewers zu Washington besicht,

Kuerz nom Ufank vum Spill ass hie verschwonnen fir net wäit ewech an der Concerts-Venue „The Anthem” eng Show mat senger Band The Raconteurs ze spillen.

Pünktlech fir de Schluss vum Match ass hien nees am Stadion opgedaucht.

Beim Match soll et sech em ee vun de spannendste Matcher vun de leschte Jore gehandelt hunn. D’Miulwaukee Brewers hunn d’Washington Nationals am 14. Inning mat 15 zu 14 geklappt.