Musek NewsKlima-Statement: The 1975 stelle Merch-Produktioun an

Wéinst dem Klimawandel hunn The 1975 decidéiert, keng Merchandise-Artikele méi ze produzéieren.

Leschten Update: 20.08.2019, 14:21:52

© eldo

The 1975 hu sech sou däitlech wéi keng aner Band zu der Klimakrise geäussert. Den Intro vun hirem neien Album "Notes on a Conditional Form" huet d‘Band genotzt, fir der Aktivistin Greta Thunberg eng Bühn ze bidden. Um Song mam Titel "The 1975" hält dat jonkt Meedchen eng Riet iwwert d’Suitte vum Klimawandel.



Elo huet d’Band decidéiert, d’Produktioun vun eegene Merchandise-Artikelen anzestellen. D’Produktioun vun den Shirts an Hoodies wier "net nohalteg", schreift de Sänger Matty Healy op Instagram. Fir di nächst Headline-Show um Reading Festival an England huet d’Band sech dofir eng Alternative iwwerluecht, déi däitlech besser fir de Klima ass. Dee ganzen ale Merch, deen nach iwwereg war, gouf einfach mam neien Design vum 3. Studioalbum dekoréiert – deen iwwert deen ale Print gedréckt gouf.

Op der Plaz kënnen d‘Fans also entweder di lescht T-Shirte kafen oder souguer hi eegen al t-Shirten nei printen loossen.