Musek NewsNeien Album vun de ''Foo Fighters''?

Den Drummer vun de Foo Fighters ''Taylor Hawkins'' huet ugedeit, dass d'Band un engem neien Album schafft.

Leschten Update: 21.08.2019, 16:51:05

© YouTube

Den Taylor huet an engem Interview gesot dass de Grënner vun der Band Dave Grohl schonn u verschiddenen Demoe fir de neien Album schaffe géing.  D'Produktioun dovu soll lass goen, soubal déi aktuell Tour eriwwer ass.

Natierlech ass dëst ëmmer eng laang Prozedur, an awer ass de Museker optimistesch dass den Album scho fir d'nächst Joer fäerdeg ass, esou den Taylor Hawkins am Interview.