Musek NewsDrake erëm mat e puer Songs an den Top 100 vun den US-Charts

An an den USA ass et elo den Drake deen erëm op sech opmierksam mécht.

Leschten Update: 21.08.2019, 16:51:07

© ROBYN BECK / AFP

Den Numm Drake steet an den US-Single Charts definitiv fir Erfolleg.

Lescht Woch hunn et ganzer 6 Songs vu sengem neien Album ''care package'' et an d'TOP 100 vun den US-Single Charts gepackt. Domat ass de Rapper den éischte solo Kënschtler deen et mat mindestens 200 Songs an d'TOP 100 gepackt huet.

An 61 Joer chart-Geschicht ass dëst nëmme vun enger Grupp iwwertraff ginn, an zwar '' Glee''.

Hei d'TOP Ten vun de Kënschtler mat de meeschten TOP 100-Songs an den US-Single-Charts:

1. Glee: 207 Songs
2. Drake: 203 Songs
3. Lil Wayne: 163 Songs
4. Elvis Presley: 109 Songs
5. Nicki Minaj: 103 Songs
6. Jay-Z: 100 Songs
7. Kanye West: 96 Songs
8. Chris Brown: 95 Songs
9. James Brown: 91 Songs
10. Future: 88 Songs