Musek NewsSlipknot Concert no e puer Stonne scho sold out

Di maskéiert Metalband Slipknot kënnt d’nächst Joer live op Lëtzebuerg, fir e Concert an d'Rockhal. De Concert ass sold out.

Leschten Update: 30.08.2019, 14:27:53

© afp

Am Kader vun hirer Grousser Europatournée komme Slipknot den 1. Februar 2020 live an d‘Rockhal. Mat dobäi hunn si hiren neien Album „We are not your kind“ grad wéi hir al Hits. Als Support hu Slipknot di polnesche Black Metalband Behemoth mat dobäi.

De Virverkaf huet dëse Freideg 30. August um 10h um Site vun der Rockhal ugefaangen. E puer Stonne méi spéit war de Concert sold out.

D’Tickete kaschten 72 Euro.