Musek NewsAriana Grande: Plainte gëtt zréckgezunn

D‘Ariana Grande muss net méi viru Geriicht fäerten.

Leschten Update: 22.08.2019, 13:31:25

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archives/KEVORK DJANSEZIAN


D’Ariana Grande war wéinst dem Museksvideo zu „God is a Woman“ vum Vladimir Kush verklot ginn. De Kënschtler hat behaapt, dass deen Deel, an deem d‘Sängerin an enger Käerz danzt, 2 vu senge Biller extrem änelt. Wéi „Pitchfork“ mellt, huet de Kënschtler seng Plainte elo awer zréck gezunn mat der Begrënnung, dass sech béid Parteien aussergeriichtlech gëeenegt hätten. Detailer dozou sinn net bekannt. 


D‘Ariana Grande selwer hat sech bis elo ni zu dëse Reproche geäussert.